Diplomiwwerreechung "Cours de premiers secours"
Description
Am Dezember hunn eng ganz Partie Schülerinnen un engem 1. Hëllef Cours iwwert 16 Stonnen vum CGDIS erfollegräich deelgeholl, wat mat engem offiziellen Diplome vum CGDIS attestéiert gouf. Als Unerkennung fir den fräiwëllegen Beitrag kruten d'Schülerinnen hiren Diplom an enger klenger Feier am Festsall vun eiser Directrice, der Mme Remakel, iwwerreecht.