
3A* op der Ouverture vum Luxfilmfest
Description
Den 3. Mäerz ware 7 Schülerinne vun eiser 3A* op der Ouverture vum Luxfilmfest invitéiert. Zesumme mat hirem Kommunikatiounsenseignant Luc Wildanger waren si am Kinepolis an hunn un der Zeremonie deelgeholl. Si hunn de Riede vun den Organisateuren, der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Kulturministesch Sam Tanson nogelauschtert. 7 Schüler vun der 3A* hunn als Jury Jeune vum Filmfestival matgewierkt.