hello future

Escape Room am LRSL den 19. + 20. Mee

Description


Duerch d’Pandémie ass déi traditionnel Hello Future Road-Show vun der FEDIL dëst Joer a Form vun engem Escape Room “Hello Future” organiséiert ginn.

Bei eis hunn all 2es Klassen matgemaach an hunn versicht innerhalb vun 2 Schoulstonnen  de Code ze knacken, duerch deen digital Piraten sech der Kommunikatioun vun den lëtzebuerger Industrien am Land bemächtegt haten.

Op der Sich no der Léisung konnten si déi verschidden Haaptindustrien vum Land kenne leieren:

  • Sidérurgie
  • Produktion vu Pneuen
  • Chemesch Produkter
  • Transport aérien a Logistik
  • D’Industrie vum Recyclage a Plastik
  • Cimenterie, Bâtiment a Konstruktioun
  • Aérospatiale

D’Pisten woren op ville Plazen an a ville Formen verstoppt, Zesummenaarbecht am Grupp wor verlaangt, fir un d’Zil ze kommen.

Fotogalerie

 Retour aux articles