Konscht-Atelier "Cosplay"

Description


De Konscht-Atelier huet am Fréijoer ugefaangen, sech mam Thema „Cosplay" ze befaassen an huet an dem Kader e klengen Ausfluch ënnerholl. De Begrëff “Cosplay” kënnt aus Japan a setzt sech aus “Costume” a “Player” zesummen, also dem Verkleeden a Nospillen vu Charakteren, déi ee gären huet. Des Personnage kommen gewéinlech aus Videospiller, Filmer, Serien an awer och Mangas, Cartoons an Anime.

Den 30. Abrëll goung et fir 3 Schülerinnen op Dikrech an de Bitz-Atelier vum Sylvie Hamus, enger Maître couturière a Maître tailleuse. Do sinn an de leschte 15 Joer ënnert anerem dausende Kostümer fir Cabaret an Theater entworf a geschaf ginn. Et ass déi optimal Plaz fir d’Kreatioun vun engem eegene Cosplay. 

Dat Aussergewéinlecht beim Cosplay ass, dass d’Leit déi Kostümer a grousser Majoritéit selwer bitzen an bastelen, fir se dann bei Evenementer wéi der LuxCon unzedoen a gläich gesënnte Mënschen ze treffen.

Am Atelier hunn d’Meedercher fir d’éischt entdeckt, wéi nach virun 100 Joer gebitzt gouf. Jidderee konnt eng Bitzmaschinn ausprobéieren an huet den Ënnerscheed tëscht enger Haushaltsmaschinn an enger Industriemaschinn kenne geléiert.

Si hunn erausfonnt, wéi vill Recherchen een eenzege Kostüm kann mat sech droen a wat fir eng Onmass un verschidde Materialien et gëtt. Zum Schluss gouf et och nach e Souvenir. All Schülerin konnt sech een Stoff aussichen a mathuelen, ier et dunn erëm zréck op de Lampertsbierg goung.

 Retour aux articles