Außenpolitik lernt man nicht über Google
Description
Den 28. Abrëll huet den Ausseminister Jean Asselborn sech iwwert eng Videokonferenz de Froe vun dräi Schüler vun eiser 3A* gestallt. De Minister an d’Schüler hunn zwar bedauert, dass den Interview leider just iwwert eng Videokonferenz machbar war, hien huet de Schüler awer mat vill Freed hir Froe beäntwert. D’Leila, den Tim an d’Nina hunn hien zu den Auswierkunge vun der Pandemie op d’Aussepolitik befrot. De ganzen Interview gouf de 6. Mee am Tageblatt publizéiert.
Außenpolitik lernt man nicht über Google (147.99 Ko) |