55BCF321-465E-44AA-ADD9-08C53BE77F8C.jpeg

Fairtrade Comité

Description


De Fairtrade Comité ass och an der Corona-Zäit aktiv, just eben e bësschen anescht wéi gewinnt. Mir haten fir eis fënnef Septièmen en digitale Quiz zum Thema Kakao organiséiert. D’Äntwerten op d’Froen konnten d’Schüler fannen, wa se eng ganz Rei vu QR-Codes, déi uechter d’Gebäi verdeelt waren, mat hiren Handyen oder iPads gescannt hun.

Gëschter hu mir de Gewënner vum Fairtrade Kakao-Quiz vun de 7en hir Präisser iwwerreecht: fair gehandelte Schokela an als Haaptpräisser 5 grouss schokelas Ouschterhuesen.

 Retour aux articles