Makerspace CO2 Auer hp

CO2 – Auer

Description


Och wa Corona-bedéngt de Maker-Space am Moment keng Schüler empfänke kann, feelt et net un Projet-Iddien, déi an der Pandemie hëllefräich kënne sinn.

Ee sou e Projet hunn d’Organisateure vum Maker-Space elo ëmgesat andeems se eng „CO2 – Auer“ gebaut hunn. D’Zäre weisen dobäi awer net d’Auerzäit mee d’CO2 – Konzentratioun an der Loft. Besonnesch praktesch dobäi ass, dass ee mam groussen Zifferblat an den hellen LEDs och vu Wäitem scho gesäit op d’Loft nach frësch ass oder ee lëfte muss. D‘CO2 – Auer, déi mat engem Arduino-Minicomputer fonctionéiert an an engem 3D-gedréckte Gehais stécht, wäert deemnächst bausse vum Maker-Space opgehaange ginn.

 Retour aux articles