Babysitter Ausbildung am LRSL

Description


Den 26 an 28 Januar 2021 war Babysitter Ausbildung am LRSL.Dëst zesummen mat der Erzéiungs- an Familljeberodung vun der AFP- Solidarité-Famille Asbl.

Enner der Leedung vum Marylène Marques, Psychologin bei der AFP sinn 19 Schülerinnen wärend 2 Nomëtteger bis owes 18h00 an der Schoul bliwwen fir drun deel ze huelen. RESPEKT

Wesentlech Informatiounen am Beräich vun der Entwécklung an Entwécklungsförderung aus psychologescher an pedagogescher Siicht goufe vermëttelt. D’Infirmière Nicole Keiser huet eis Jugendlech dann nach iwwer Kannerkrankheeten, Verletzungen an Versuergen vun klenge Kanner informéiert.

Mir wënschen eise Schüler vill Erfolleg an vill Spaass bei hirer net ëmmer sou einfacher an verantwortungsvollen Beschäftegung.

Babysitting.lu

 Retour aux articles