... d’Multimedia-Team aus dem Lycée Robert-Schuman


Eist Konzept


Bei eis wëllkomm ass jiddereen vu 7e bis 1ière, dee Spaass huet um Filmen a Fotograféieren, um Schreiwen, Realiséieren a Schauspilleren, um Schneiden a Vertounen.

Am Laf vum Joer 2018 ass decidéiert ginn, dem Schuman-Tube eng nei Organisatiounsform ze ginn. Eraus koum e flexibele Zell-System. Di eenzel Zellen schaffen autonom u bestëmmte Projet’en, ënnert der Coordinatioun souwuel vun Enseignant'en aus dem LRSL wéi vun externe Partner.

D’Grondkonzept selwer vum Schuman-Tube blouf dogéint onverännert: Nach wie vir baut eist Team op d’Kooperatioun an NET op d’Konkurrenz tëschent de Schoulen – mais och op d’Zesummenaarbecht mat Associatiounen, ONG'en a Firmen wéi Sodexo, APEMH, PADEM, Youth-Tube an der ASBL „Youth4Planet“. Et ass eis wichteg, datt eis Filmer a Projet’en en humanen, sozialen an ökologesche Wäert hunn.

 


De Schüler-Comité vum „Schuman Tube“

 

  Nom   Fonction
  Céline MILLIM   Präsident & Trésorière
  Charel WINANDY   Vize-Präsident & Trésorier
  Lynn RUPPERT   Spriecherin
  Julien RIECHERT   Sekretär
  Jonas KLEINGARN                 Sekretär                                   
  Lena PHILIPPE   Marketing & Sponsoring
  Noémie CECCON   Marketing & Sponsoring
  Yasmine MATHIAS   Marketing & Sponsoring


The Machine Gun Preacher in exclusive interview

The machine gun preacher

Sam Childers, famous for his humanitarian work in East Africa, visited Luxembourg last weekend. We interviewed the living legend before his speech in Esch.

From outlaw to Mother Teresa Award recipient

It is the essence that Hollywood blockbusters are made of. A young man drops out of school, becomes a member of an infamous motorcycle club and gradually allows his life to spiral down into a vicious cycle of drug-dealing, violence and crime.

Following an eye-opening epiphany moment in 1992, Childers converted to Christianity and was filled with a new-born desire to turn his life around for the better, spread God’s word and give back to the community. A first trip to East Africa followed in 1998 and Childers experienced the atrocities of the Lord’s Resistance Army (LRA) first-hand. Permanently moving to Uganda and Sudan shortly later, Childers spent the succeeding decades building orphanages and rescuing children from the clutches of gruesome civil wars.


Eng Mention spéciale fir den Ökofilm "James Hond" vun der Eu-Kommissarin Viviane Reding


Link vidéo "James Hond"

 

 


Crème fraîche 2te Präis hp

Concours "Crème fraîche" 2018


Super Nouvelle fir d' Medien-Team vum Lycée Robert-Schuman.

Um Luxfilm Festival hunn si am Kader vum 60-Sekonne-Concours „Crème fraîche“ am Kinepolis déi zweete Platz vun 49, fir de Clip „Béierkomplott" gewonnen. Felicitatioun!
 

 

Internetsäit

 

 


Filmfestival „Créajeune 2018“ (17.1 - 8.2.18)

- e perséinleche Réckbléck vun eisem Multimedia-Team -

 

 Zënter 10 Joer ass de Filmfestival „Créajeune“ eng fest Gréisst an der Lëtzebuerger Medielandschaft. De Videoconcours fir Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener gëtt e.a. organiséiert vum saarlännesche Filmbüro an dem Service National de la Jeunesse.  Fir di Jonk  aus der Groussregioun ass et eng eemoleg Geleeënheet, hir Filmer a verschidde Kinoen op der grousser Leinwand  ze erliewen.

De „Schuman-Tube“ war dëst Joer fir di zweete Kéier mat dobäi.

2017 haten di zwee Kuerzfilmer „James Hond cleans up“ (https://youtu.be/yNW22Ibrrz4) a „Love ... nature!“ (https://youtu.be/hOE2UqX350s) et ënnert di 70 Bäiträg gepackt , déi aus de ronn 130 Kontributiounen fir de Concours nominéiert goufen.  

Dëst Joer kruten d’Schuman-Tube-Schüler vum saarlännesche Filmbüro di erfreelech Nouvelle, datt direkt 3 vun hire Filmer fir de Festival selektionéiert goufen - an zwar:

den 1-Minutte-Clip „A time to breathe “ (https://youtu.be/VnYBs_ITDW0), den onheemlechen „Basement killer“ (https://youtu.be/0Euh62BG9R0) an den Documentaire „Lancement d’un ballon stratosphérique“ (https://youtu.be/RkhE_vPKnZY).

Gewise goufen di 3 Bäiträg Ufank Februar am Théâtre du Saulcy zu Metz a schonn eng éischte Kéier de 17. Januar anlässlech vum Festival-Optakt zu Lëtzebuerg.

No der Projektioun an der Cinémathèque hun di jonk Cinéasten aus dem LRSL dem interesséierte Publikum nach eng Partie Hannergrondinformatioune gin zu den Dréiaarbechten an zum Verlaf vum spektakulären Helium-Ballon-Projet am Kader vun den Ateliers interdisciplinaires am LRSL.


Andy Bausch Masterclass 2018

Une leçon de cinéma avec Andy Bausch


Le réalisateur luxembourgeois animait mardi une masterclass à la Cinémathèque devant une audience composée majoritairement de lycéens et de jeunes adultes.

L'essentiel.lu - Lire la suite

Rtl.lu

Snj.lu

 


„Masterclass“ mam Lëtzebuerger Regisseur Andy Bausch
 

Anlässlech vum „Créajeune“-Festival-Optakt (17.1 – 8.2.2018) hu Première-Schüler aus der Filmanalyse-Optioun a Memberen vum Schuman-Tube-Comité sech de 17. Januar 2017 Rendezvous an der Stater Cinemathèque ginn.

Während iwwer 2 Stonnen kruten si am Andy Bausch senger „Masterclass“ vum Lëtzebuerger Kultregisseur eng ganz perséinlech Aféierung a säi filmescht Wierk mat iwwer 50 Regie-Aarbechten am In- an Ausland. Et gouf kaum e Sujet, deen den Andy Bausch net gesträift hätt – vun der wichteger Roll vum Rock’n’Roll als Inspiratiounsquell, iwwert säi groussen Interêt fir de Genre vum Documentaire bis hin zu der net ëmmer einfacher Zesummenaarbecht mat sengem „Acteur-fétiche“ Thierry Van Werveke.

Am Gespréich mat de jonke Leit huet den Andy Bausch awer och mat munchen naive Klischeeën iwwert d’Aarbecht am Filmbusiness opgeraumt. An enger ganzer Partie vun tragesch-komeschen Anekdoten aus senger filmescher Vergaangenheet huet hie kloer gemaach, datt den Erfolleg him hei zu Lëtzebuerg net an de Schouss gefall ass - au contraire: Mol huet en ale Rollstull de professionelle Kameradolly op Schinnen mussen ersetzen, well keng Suen do waren, mol sinn d’Dréiaarbechten zum éischten Deel vum „Troublemaker“ op onbestëmmten Zäit op Äis geluecht ginn, well den Andy alt erëm pleite war a seng Filmrullen net konnt am Labo zu Bréissel entwéckele loossen.

Mais och no sengem nationalen an internationalen Duerchbroch ass den Andy Bausch bescheide bliwwen – a mëscht keen Heel doraus, datt säi Beruff generell keng bequem finanziell Sécherheet bitt, wann e beispillsweis fir e filmeschen Optrag wochelaang muss op den Uruff vu engem Produzent laueren oder wann de Finanzement vun engem Projet trotz intensiver an zäitopwänneger Viraarbecht op der Kipp steet.

 D’Reaktiounen no der Diskussioun mam Andy Bausch ware bei de Memberen vum Schuman Tube ganz ënnerschiddlech: Während de Ben der Meenung ass, datt d’Filmerei sollt en Hobby bleiwen, spillt de Charel weiderhin mam Gedanken, spéider eventuell Filmregisseur ze ginn.

An engem wesentleche Punkt awer sinn di jonk Filmmécher mam Andy Bausch enger Meenung : Obwuel d’Technik et de Jonken haut am i-Pad-Zäitalter vläicht méi liicht mëscht, riskéiere flott Projet’en nach wie vor ze scheiteren – engersäits, well sech net genuch motivéiert Schüler a Proffe fanne loossen an anerersäits, well deen néidege Budget e.a. fir eng adequat Infrastruktur a cibléiert Formatiounen duerch Experten vu baussen a munche Schoulen hei am Land net garantéiert ass.


Projet „Jeune Journaliste 2018“

Am Kontext vum Projet interscolaire „Jeune Journaliste 2018“ ware Memberen vum „Schuman Tube“ aus dem Lycée Robert Schuman mat Schüler aus dem Lycée Technique du Centre virun der Chrëschtvakanz an der Beetebuerger „Résidence pour personnes âgées an de Wisen“. Do hu si sech de ganzen Dag iwwer mat ausgewielten Heembewunner iwwert „eist Land, seng Awunner a seng Macken“ ënnerhalen - e Sujet, deen esou vun den Organisateur’en vum Concours „Jeune Journaliste 2018“ lancéiert gouf. Dokumentéiert gouf dat Ganzt natierlech mat der Kamera. Abgabetermin fir de fäerdege Film ass den 9. Februar 2018.

  


Youth Start Projet 2018

Am Kader vum Youth-Start-Projet 2017/18 mussen d’Schüler vun der 4CLC1 och dëst Joer erëm eng Partie vun „Challengen“ absolvéieren, déi hir sozial Kompetenzen trainéieren a si op di spéider Beruffswelt virbereeden. 

Beim REWE zu Iechternach, zu Beetebuerg an der Residence „An de Wisen“ an zu Mondorf hu si deemno hir Talenter als „Fun-Tuten“-, Glühwäin- an Thüringer-Verkeefer mussen ënner Beweis stellen. 

Mam Erléis aus dëse Verkafsaktiounen finanzéieren si di geplangten Rees-Aktivitéit vum Youth-Start-Projet. Ausserdeem maache si en Don un de Projet-Partner PADEM, eng ONG, déi sech weltwäit fir Kanner an Nout asetzt.
 


Eis Filmer

Am Laf vum Schouljoer 2016/17 hu mir eis nach mat anere Filmer a Fotoen u Concoursen a Projektiounen am In- an Ausland bedeelegt. Hei eng Auswiel:

- „James Hond cleans up“ (Sélection officielle Concours Créajeune Metz 2017)

- „Nature’s wrath“ vum Choi Hong Kiu (3ième Prix Concours National 2016) 

- „Grammatik-Zauber“ (Coupe de la Présidente / Meilleure interprétation CAL 2017)

- 12 Kuerzfilmer fir den SNJ-Concours „Crème fraîche 2017“ am Utopolis

- 15 Kuerzfilmer fir „Croatian One-Minute Film Festival 2017“

- 14 Bäiträg fir „Movies We Made 2017“ an der Cinémathèque

- 2 Bäiträg an der Finalronn vum ACL-Concours 2017 „Drive Safe, Stay Awake!“  


65e Festival National du Film d’Auteur: De „Schuman -Tube“ gewënnt 4 Präisser

Zefridde Gesiichter beim Multimedia-Team „Schuman-Tube“ aus dem Staater Lycée Robert Schuman:

Am September haten di jonk Cineasten 13 Kuerzfilmer beim Concours National 2017 eragereecht. Vu datt d’Konzept vum „Schuman Tube“ ausdrécklech op Kooperatioun an net op Konkurrenz tëschent Schoule baséiert, waren eng Partie vun dëse Bäiträg an Zesummenaarbecht mat Schüler aus dem LGL an dem LTC entstanen. Vun den Dikrecher Filmdeeg am Ciné Scala kommen d'Vertrieder vum "Schuman-Tube" elo mat 4 Coupen zréck an hire Lycée: Fir säi poetesche Clip „A Time to Breathe“ iwwert d’Kandheetserënnerung vun enger gestresster Hausfra gouf den Alexandre Siebenaller mat dem éischte Präis an der Kategorie „Minute Movie Cup“ ausgezeechent. E weideren éischte Präis an der Kategorie „Jeunesse“ goung un di ökologesch Fabel „James Hond cleans up“ vum Mara Erang. Den Zwergpinscher Pipo alias James Hond, deen am Film ganz eleng e grousse Bësch botzt, gouf vum Jurysmember Jemp Thilges zousätzlech mat enger Tut Leckerlien an engem Kautschuk-Poulet fir seng schauspilleresch Leeschtung belount. Souwuel den drëtte Präis an der Kategorie „Jeunesse“ wéi de Spezialpräis „Meilleure Valeur pédagogique“ goungen un den Documentaire „Lancement d’un Ballon stratosphérique“. An zum Deel spektakuläre Biller retracéiert dëse Film di eenzel Etappen vum Helium-Ballon-Projet, dee mat 5ièmes-Schüler am Kader vun de "Journées interdisciplinaires" am LRSL realiséiert gouf.

Trotz dësem schéine Succès bleiwen d'Schüler aus dem „Schuman Tube“ awer weiderhi bescheiden – virun allem, wann si hir Produktiounen mat de cineastesch ausgeräifte Wierker vun experimentéierten a passionéierten Auteuren vergläichen wéi:

- dem Guy Gautier („Prix du Jury 2017“ fir „Une Jeune Fille Française“)
- dem Guido Haesen („Coup de Coeur du Président“ & „Meilleur documentaire“ fir „The Black Snake“)
- dem Yann Keller („Premier Prix Catégorie Fiction“ fir „10-43“)
- dem Christophe Hubert („Meilleure idée comique“ fir „J&J dans l’Espace“)

Fir weider Informatiounen zum Schuman-Tube, kontaktéiert w.e.g. /

Artikel op mywort
 


Projet „Jonk trëfft Al“

Den 8. Mäerz 2017 koum eise Projet „Jonk trëfft Al“ ënnert di 3 Finalisten vum „Prix mérite jeunesse“ a kruut de 4. Juli 2017 ee vu 4 Präiser um Concours „Digital Skills“.

 


Erste Schritte im Film-Metier

Schuman Tube Wort

Schüler des „Lycée Robert-Schuman“ beweisen viel Fantasie, um drehen zu können


Die Produktionen des „Schuman-Tube“ sind keine professionellen Filme, oft haben die Schüler extrem beschränkte Mittel, keine Zeit und nie Geld. Aber es sind erste Schritte in einem Metier, für das die Leidenschaft bereits brennt.

Ein Zwergpinscher tollt im Wald herum. Um ihn herum Abfall, den unachtsame Bürger in der Natur entsorgt haben. „James Hond“, so der Name des Vierbeiners, räumt auf. Der zweiminütige Filmclip des „Schuman-Tube“ erhielt 2016 den zweiten Preis beim „Youth Environment Video Contest“ der amerikanischen Botschaft in Luxemburg. Eine Anerkennung für das junge Filmteam des „Lycée Robert-Schuman“ (LRSL) in Limpertsberg, dem das Filmemachen am Herzen liegt, auch wenn es immer wieder Hürden überwinden muss.

Tom, Lynn, Lena, Céline, Noémie, Jasmine, Michel, David und Charel bilden den Vorstand und zugleich den harten Kern des „Schuman-Tube“. Verantwortlicher Leiter der Option „Film“ ist der Deutschlehrer Marc Erang.

weiterlesen


Luxemburger Wort vom Donnerstag, 6. April 2017

1 000 Euro aus dem „Lycée Robert Schuman“

Schüler der Filmoption „Schumantube“ und der 5eC2 unterstützen PADEM
 

Die Schüler der Filmoption „Schumantube“ und der Klasse 5eC2 des „Lycée Robert Schuman“ haben jüngst einen Scheck in Höhe von 1 000 Euro an das Hilfswerk PADEM („Programmes d'aide et de développement destinés aux enfants du monde“) überreicht.

Diese Summe wurde durch den Verkauf von Überraschungstüten anlässlich unterschiedlicher Weihnachtsmärkte erwirtschaftet. Auf Wunsch der Schüler wird die Spende in ein Projekt in Senegal fließen, das dortigen Schülern den Zugang zu sauberem Trinkwasser und Sanitäranlagen in ihren Schulen ermöglicht.

Die Vereinigung PADEM, die seit drei Jahren mit dem „Lycée Robert Schuman“ zusammenarbeitet, ist seit 2009 in Senegal aktiv.

PADEM setzt sich dafür ein, die Lebensumstände der schwächsten Bevölkerungsgruppen in den Entwicklungsländern, hauptsächlich die der Kinder, dauerhaft und nachhaltig zu verbessern.

Anhand finanzieller und institutioneller Hilfeleistungen unterstützt PADEM lokale Initiativen vor Ort.

Fränz Siebenaller via mywort.lu 17.02.2017

www.padem.org


Trailer „Eist Joer an de Wisen“

De grousse Projet intergénérationnel „Eist Joer an de Wisen“ geet elo an di zweet Ronn.

Fir Iech eng Virstellung vun dëser Kooperatioun tëschent dem Film-Team aus eiser Schoul an dem Beetebuerger Fleegeheem ze maachen, kuckt w.e.g. de Youtube-Trailer zum geplangte fäerdege Film.

 

     


Concours national 2016

De Kuerzfilm „Nature’s Wrath“ vum Hong Kiu Choi huet haut den drëtte Präis um Concours national 2016 gewonnen.

     


E gelongenen Optakt zu der Filmsaison 2015/16

De „Schuman Tube“ reecht 9 Kuerzfilmer beim „US Embassy Youth Environment Video Contest“ eran a gewënnt 2 vu 5 Präisser.
 

Während den éischte Präis un de Video „Virtual Water“ vum Filmteam em d’Schüler Francesca van Marion, Lea Muller a Lorena Tornambé aus dem ALIMA goung, kruten d’ „Schuman Tube“- Filmer:

- „Love ... Nature!“ / „James Hond cleans up“ vum Mara Erang (LGL) den zweeten, an

- „Indifference of Humanity“ vun den LRSL-Schüler Helena Sofia Monteiro Abrantes, Kevin Hang a Joana Soares Valente de fënnefte Präis.

Bekanntlech baséiert dat neit Filmteam „Schuman Tube“ aus dem Lycée Robert Schuman vu sengem  Konzept hir op Kooperatioun an net op Konkurrenz-Denken tëschent de Schoulen hei am Land.

An nëmmen esou wor et méiglech, och eenzel Schüler aus dem LGL, dem Athénée an dem Arts et Métiers fir dësen éischten „Natur- am Emwelt“- Filmprojet mat u Bord ze huelen.

Et bleift elo ze hoffen, datt dëse gemeinsamen Engagement sech an Zukunft nach vergréissert a weiderhin seng Friichten dréit.

Well: Di nächste Concoursen a Projekter waarde schonns ...