Projet „Fräi Meenungsäusserung“ am Tageblatt

D’Schüler vun der 3A hunn fir de 4. Mee, den Dag vun der Pressefräiheet, Artikelen zum Thema Meenungsfräiheet geschriwwen. Si hunn d’Meenungsfräiheet aus ënnerschiddleche Perspektive beliicht. Hu mir all wierklech eng fräi Meenungsäusserung ? Wéi gesäit dat an anere Länner aus ? Wéi ass et mat der fräier Meenungsäusserungen an eise Schoulen oder an de soziale Medien ?
 

D’fräi Meenungsäusserung huet sech an Zäite vum Internet an de soziale Medie staark verännert. D’Schüler hunn sech deementspriechend kritesch domadder ausenee gesat, wat Meenungsfräiheet an der Press, der Konscht a Literatur an och an der Politik bedeiten. Si hu beliicht ewéi fräi Meenung am Joer 2020 a munche Länner ëmmer nach verbueden ass, an dass besonnesch Fraen dacks manner soen däerfen ewéi Männer.

Hir Artikele goufen an der Woch vum 4. Mee am Tageblatt publizéiert.
 

Tageblatt Schülerartikel: Politische Meinungsfreiheit

Tageblatt Schülerartikel: Wie im Internet die Meinungsfreiheit ausgenutzt wird

Tageblatt Schülerartikel: Wenn Nazis Kommentare schreiben: Wo liegen die Grenzen der Meinungsfreiheit im Internet?

Tageblatt Schülerartikel: Die Frauenfrage


64331 cx  cy  cw  ch -1-1024x681 (002)

Home Schooling an der Famill

 

Am Kontext vum Cours « Pratiques des Médias » op eiser 3A* huet d’Lena Back e flotten Artikel iwwert den Home Schooling an enger Famill duergestallt, an der d’Mamm als Joffer vun doheem schafft, de Papp am Home Office schaffe muss, an hatt zesumme mat sengem klenge Brudder digital un de Coursen deelgeholl huet. De flotten Artikel ass de 4.
Mee am Tageblatt erauskomm.


Artikel Tageblatt