Logo ouni Background

  

Liesclub

Leedung: Christina Alexiou
 

All Donneschden, um 14 Auer treffen sech d’Liesraten vum LRSL-Liesclub an enger gemittlecher Ronn an der Bibliothéik fir iwwert spannend Bicher ze diskutéieren. Vu Fantasy iwwer Krimien bis hin zu Grujelgeschichten: t’ ass fir jiddereen eppes dobäi! Mee do hält de Spaass net op, well mer vill méi maachen, wéi nëmmen dat do: mir laache vill, schwëtzen iwwert Gott an d’Welt, iesse dobäi Kichelcher, schreiwe selwer Geschichten a liesen se fir, zeechnen d’Protagonisten aus eise Bicher, invitéieren Auteuren a nach vill méi.

Kommt laanscht an iwwerzeegt iech selwer!
 

Wéini? Donneschdes, 14 Auer

Wou? An der Bibliothéik

Wat? Dat kucke mer zesummen