7ème Découverte


D’Classe découverte bitt de Schüler eng nei Approche fir ze léieren. D’Schüler verloossen hire Klassesall an de reguläre Cours reegelméisseg fir ausserhalb vun der Schoul hiert Wëssen unzewenden an ze verdéiwen. 

D’Schüler maache mat beim Projet „Meng Klass – een Team“, wat hinnen erlabe soll sech besser kennenzeléieren an och den Teamgeescht an den Zesummenhalt an der Klass ze stäerken. Esou ginn och all Trimester déi zwee lescht Deeg pedagogesch Ausflich ënnerholl. D’Schüler deconnectéieren sech zwee Deeg vun hirem iPad an Handy fir „outdoor“ Aktivitéiten am Bësch. All d’Fächer huelen un dësen deconnectéieren Deeg deel, an d’Participatioun ass fir all d’Schüler vun de Classes découvertes obligatoresch.

Dëse Projet ass am Schouljoer 2023/24 nei op der 7ème als Pilotprojet ugelaf. De schoulesche Programm ass dovunner awer net betraff, esou dass d’Schüler déi normal Schoulprogrammer absolvéieren an duerch Invitéen, Ausflich an eng aner Approche zousätzlech gestäerkt solle ginn.

Hei e puer Andréck