DSCF2027

Präis- a Scheckiwwerreechung vum LRSL Fairtrade Laf 2025

Actualité

Den 18. Juni 2025 waren d’Gewënner vum Fairtrade Laf zesumme mat de Vertrieder vun den Organisatioune Fairtrade Lëtzebuerg, Padem, LUkraine an 2care2share invitéiert, fir a Präsenz vun der Direktioun den Ofschloss vum Fairtrade Laf ze feieren. Eis engagéiert Schüler a Schülerinne vum Fairtrade Comité hunn sech net gescheit, fir an de Mikro ze schwätzen an hunn op eng flott Manéier duerch de Programm geféiert. Als éischt hunn d’Leefer a Leeferinnen hir Präisser an Zertifikaen houfreg entgéintgeholl. Duerno hunn d’Vertrieder vun de 4 Organisatioune jeeweils e Scheck iwwer 1200 Euro iwwerreecht kritt. Uschléissend haten si d’Geleeënheet, fir der Audienz e klengen Iwwerbléck iwwer hir Organisatiounen an d’Verwendung vun eise Spenden ze presentéieren. Fir 2care2share waren et d’Grënnungsmemberen, d’Madame Mette Garby an den Här Jean-Philippe Bailly, zesumme mat der Madame Nathalie Post. Si hunn zu Arusha am Tansania e Weesenhaus opgebaut, wou säit 2017 iwwer 20 Kanner mat vill Léift betreit ginn. Si kréien d’Chance, eng gutt Schoul ze besichen an domat eng  Perspektiv fir e Liewen an Dignitéit. D’Organisatioun 2care2share sicht och ëmmer jonk Leit ab 17-18 Joer, déi bereet sinn, e Volontariat am Weesenheem ze absolvéieren. D’Julie Beckius, Schülerin vun enger 2e am LRSL, huet sech dofir gemellt an trëtt an e puer Wochen d’Rees op Arusha un. Mir wënschen him vill Erfolleg a freeën eis, fir Nouvellë vun him ze kréien ! Fir Padem (Programmes d’Aide et de Développement destinés aux Enfants du Monde) huet d’Madame Dominique Noirjean e Projet presentéiert, dee mir schonn säit enger Rei vu Joren duerch Spenden ënnerstëtzen. D’Zil ass, fir an der Regioun Matam am Senegal géint d’Exploitatioun vun den Talibés Kanner unzegoen. Déi extrem Aarmut dreift vill Familljen dozou, hir Jongen - wäit ewech vun doheem - a Koranschoulen ze schécken, an der Hoffnung op e bessert Liewen. Leider ginn d’Kanner do awer oft mësshandelt an dozou gezwongen, heeschen ze goen oder schwéier a geféierlech Aarbechten ze maachen. De Projet vu Padem huet als Zil, d’Kanner vun der Strooss ze huelen, hir Rechter ze stäerken an hir Liewenskonditiounen an Ausbildung ze verbesseren. Fir Fairtrade Lëtzebuerg huet den Här Steven Urbanski d’Madame Florence Plet-Vincioni, déi zoustänneg Persoun fir d’Fairtrade Schoulen, vertrueden. Hien huet d’Regioun Kivu am Oste vun der D.R. Kongo presentéiert, déi bekannt ass fir de kommerziellen Ubau vu Kaffi, och vu Fairtrade Kaffi. Mat eise Spende bedeelege mir eis un engem Projet vu Fairtrade Lëtzebuerg, fir am Kivu eng Kaffisréischterei opzebauen an domat nei Aarbechtsplazen an e Revenu fir d’Leit an der Regioun ze schafen. Fir d’LUkraine, déi mir säit 3 Joer ënnerstëtzen, war den Här Ievgenii Smoliak komm. Hien huet eis matgedeelt, datt eis Spenden agesat gi fir déi mental Gesondheet vun ukrainesche Kanner ze stäerken, déi ënnert de Suite vun deem brutale Krich géint hiert Land leiden. Fotogalerie

Publié le 04 juillet 2025
DSCF1933

Holzgau 2025

Actualité

Vum 2. bis den 7. Juni waren 42 2e an 3e Schüler mat 6 Begleetpersounen zu Holzgau. An enger wonnerschéiner Landschaft ëmginn vun Bierger an dem Floss Lech hunn si eng Réih sportlech Aktivitéiten ugebueden kritt, an et war wuel fir jiddereen eppes dobäi. Mir sinn wanderen gaangen, E-Mountainbike gefuer, hunn Yoga mat Panorama Bléck gemaach, waren um Lech rafting fueren, an och am Boot Camp konnten d’Schüler weisen wéi fit a motivéiert si waren. Mir waren och vill klammen fir d’éischt an de Kloterpark, dunn op enger natierlecher Fielswand, an déi mat ganz vill Courage, hunn d’Via Ferrata gemaach. Moies haten d’Schüler och deelweis méi gemittlech Atelieren. Si hunn geléiert Guitar spillen, wärend dem Foto Atelier goufen immens flott Fotoen geholl, an si duerften an der Kichen mathëllefen. Eenzel Schüler haten sech och ugemellt fir déi lokal Brennerei Lechtaler Haussegen kucken ze goen, wann een al genuch war krut een hei och eppes ze schmaachen. Dee véierten Dag hunn mir Nomëttes en Dagesausfluch op Schwangau gemaach. Hei hate mir eis opgedeelt; ee Grupp huet de Wellness an d’Thermalbäder genoss an déi aner waren d’Schlass Neuschwanstein besichtegen. Owes war och all Méigleches um Programm, mee hei waren d’Highlights ganz kloer d’Gaudi Hütt an d’Lagerfeier, wou bis zum Schluss gedanzt a gesonge ginn ass. No dëser Woch voller Sport war et am Bus fir Heem och zimmlech roueg an deen een oder anere war och ganz frou, dass mir Méindes e Feierdag haten fir ze raschten.  Fotogalerie

Publié le 18 juin 2025
20250503 112948

Portes Ouvertes 2025

Actualité

Den 3. Mee hate mir eis Portes Ouvertes. Mir haten immens flott Ateliere bei deene mir weise konnte wat mir alles an eiser Schoul ubidden. An der grousser Sportshal hate mir ënnert anerem de Réagis wou d’Kanner gewise kritt hu wéi si eng Häerzdrockmassage maachen, et konnt een op eiser Kloterwand klammen, oder sech déi verschidde Stänn ukucken. Hei ware virun allem eis Parascolaire Aktivitéite vertrueden, wei eis Schülerzeitung, de Schachclub, d’Eischt Hëllef Team, an eist Actionteam4future, fir der nëmme puer opzezielen. Am néie Gebai war och vill ze entdecken. An der Bibliothéik war eise Liesclub mat enger klénger Schnitzeljagd an engem Storygame, an am Medie Sall huet eis moderniséiert A Klass, d’A-LLCO en Atelier iwwer Fake News gehalen. Och eis 7e a 6e Découvertes hunn an hire jeeweilege Klassesäll gewisen dass een och bëssen anescht Schoul hale kann, a wat si schonn alles zesummen erlieft hunn op am Klassesall, oder dobaussen. An der Bio war och vill Liewen hei kruten d’Kanner gewise wéi si mat engem Mikroskop schaffen a si hunn DNA Prouwen geholl an sech déi ugekuckt. D’Chimie huet gewisen dass een sech och kann ameséieren a wann et net knuppt. Si hu mat Hëllef vu Waasser, Seef an Drëscheneis Megabubbles gemaach an och erkläert wei een de pH Wäert moosst. Wien méi iwwer den Oflaf vun eiser Schoul wollt wëssen, huet sech d’Ried vun eiser Direktesch der Madame Remakel unhéieren. Et huet och kee missen hongereg Heem goen, eis 2BC huet nämlech dobausse gegrillt an an engems bësse Sue fir hiere Voyage Scientifique gesammelt. Mir soe jidderengem dee matgehollef huet e ganz grousse Merci, a mir soen iech och Merci dass dir alleguer laanscht komm sidd.  Fotogalerie

Publié le 19 mai 2025
DSCF4202

STRAßBURG – 01.05-03.05.202

Actualité

Straßburg Tag 1 Die Klasse 3C2D begleitet von HUBERTY Anne, PIRVU Casia und SCHEUREN Jo unternahm einen dreitägigen Ausflug nach Straßburg vom ersten Mai bis zum dritten Mai. Wir starteten die Reise vom Lycée Robert Schuman aus. Wir fuhren um 14 Uhr los und waren 3 Stunden Richtung Straßburg unterwegs. Angekommen im Hostel bekamen wir die Regeln durch ein Video mitgeteilt. Die Regeln waren strenger als erwartet. Nach der Anreise wurden wir freigestellt und konnten mit unseren Freunden die Stadt erobern. Die meisten installierten sich in ihren Zimmern bevor sie an die frische Luft gingen. Viele nutzen diese Zeit um die Stadt zu erkunden und einige aßen eine Kleinigkeit. Unser erster Eindruck der Stadt war zufriedenstellend, denn es war ein sonniger Feiertag und die Atmosphäre war sehr entspannend und angenehm. Die Architektur der französischen historischen Stadt beeindruckte uns nachhaltig. Um 20 Uhr traf sich die ganze Klasse mit den Lehrern im Restaurant La Marseillaise um traditionelle Gerichte zu genießen wie zum Beispiel Flammkuchen. Nach einem bequemen Aufenthalt im Restaurant kehrten wir zurück in die Jugendherberge. Wir genossen den restlichen Abend in unseren Zimmern.   Straßburg Tag 2 Am zweiten Tag, morgens nach dem Frühstück spazierten wir durch Straßburg, wir besichtigten Stadtviertel wie z.B die „Petite France“ und sahen uns auch verschiedene Monumente wie die „Cathedrale Notre-Dame de Strasbourg“ oder die „Église Saint-Thomas de Strasbourg“ an. Nach dem Mittagessen ging es dann ins Europaparlament, eine Reiseführerin begleitete uns und erklärte uns die wichtigsten Elemente des Parlaments. Außerdem waren wir Zuschauer einer Sitzung der „Euroscola“, in welcher Jugendliche in die Rolle von EU-Deputierten schlüpften. Abschließend gingen wir dann am Abend als Klasse durch die beleuchtete Stadt Straßburgs.   Europapark Tag 3 Unser Klassenausflug in den Europapark war ein voller Erfolg. Schon bei der Ankunft freuten sich alle auf die vielen Attraktionen und die besondere Atmosphäre des Parks. Wir erkundeten die verschiedenen Themenbereiche und probierten viele Fahrgeschäfte aus von rasanten Achterbahnen bis zu ruhigeren Fahrten war alles dabei. Es machte einfach Spaß, gemeinsam Neues zu erleben und sich gegenseitig Mut zuzusprechen, bevor es losging. Am Ende des Tages waren wir erschöpft, aber sehr zufrieden. Anschließend fuhren wir wieder mit dem Bus nach Hause. Der Ausflug bot eine tolle Abwechslung vom Schulalltag und stärkte unseren Zusammenhalt als Klasse. Fotogalerie

Publié le 14 mai 2025
da00a06a-057d-4163-a905-0e19262ba184

Schistage Eben im Pongau 2025

Actualité

Vum 16. bis den 21. Mäerz ware 70 Schüler mat 8 Begleetpersoune fir e Schistage zu Eben im Pongau am Jugendgästehaus Lindenhof. No iwwer 10 Stonne mam Bus goufe mir vun der Famill, déi de Lindenhof bedreift, immens häerzlechempfaangen. Vum Iesse bis bei d’Kummere war alles tipp topp ënnerhalen an et huet een sech direkt wuel bei hinne gefillt. Den Dag drop ass et du richteg lass gaangen an d’Schüler goufe vun Ufänger bis Experten a 7 Gruppen agedeelt. De Monte Popolo, d’Schigebitt zu Eben im Pongau, gëtt vun de lokale Leit als „Heimberg“ bezeechent. Mat 6 km Pist ass et effektiv en immens kléngt Schigebitt, mee duerch dee bësse Neischnéi hate mir gutt Konditiounen, virun allem fir eis Ufänger. Och eis Experte ware fir déi éischt Deeg gutt um Monte Popolo bedéngt. Si konnten op der rouder Pist a bei der Talabfahrt weise wat se drop hunn an et huet definitiv keen sech musse schummen. Den 3. Dag waren dunn déi méi erfuere Schifuerer op Flachau, en anert Schigebitt wat a 15 Minutte mam Bus ze erreechen ass. Dëst Schigebitt ass bëssen eng aner Dimensioun an huet 210 km Pist. De 4. Dag war jidderee prett fir op Flachau a mir haten en immens flotten Dag mat zimmlech gudde Konditiounen. Just Mëttes gouf et relativ waarm an de Schnéi war, wéi eenzel Schüler gesot hunn, éischter mat Granita ze vergläichen. Trotzdeem war et immens flott a mir hunn eis all gutt ameséiert a vun der Sonn profitéiert. D’Schüler, déi nom Schifueren nach fit waren, konnten sech Owes an enger immens flotter Sportshal austoben. Anerer hu léiwer Kicker oder Dëschtennis gespillt, oder se hunn op hire jeeweilege Stäck fir bëssen Onrou gesuergt. Den 3. Owend konnten d’Schüler bei engem Quiz Owend hiert Wëssen ënner Beweis stellen. De leschten Owend duerften d’Schüler e bësse méi laang opbleiwen. Déi eng hu ganz gespaant e Fussballmatch gekuckt an déi aner konnten um Disco Owend beim Sangen an Danzen alles ginn. Et war eng immens flott Woch déi deelweis mat wéineg Schlof verbonne war, mee dofir awer mat ëmsou méi flotten Erënnerungen. Fotogalerie

Publié le 28 mars 2025
IMG 9664

Scheckiwwerreechung vum Erléis vun eisem Wantermaart

Actualité

Den 21. Januar hate mir d’Scheckiwwerreechung vum Erléis vun eisem Wantermaart. D’Schüler konnten ofstëmmen an hunn sech fir d’Associatioune Wonschstär a Stëmm vun der Strooss entscheet. Déi zwou Associatiounen hunn deen Dag och eng kuerz Präsentatioun gehalen an de Schüler erkläert wéi d’Spende genotzt ginn. D’Fondatioun Wonschstär erfëllt wéi den Numm et scho seet Wënsch, an dat haaptsächlech deene Leit deenen et duerch eng schwéier Krankheet oder e schlëmme Schicksalsschlag net méi sou gutt geet. An verschiddene Fäll hëllefen si och reegelméisseg Therapien ze finanzéieren, wéi zum Beispill enger Reit Therapie oder reegelméissegem Training fir d’Assistenzhënn. D’Stëmm vun der Strooss setzt sech fir déi Leit an déi an eiser Gesellschaft benodeelegt sinn. Betraff sinn zum Beispill Sans-abrien, Asylbewerber oder Persounen déi aus physeschen oder psychologesche Grënn ofhängeg sinn an d’Hëllef vun anere Leit brauchen. Ënnert anerem schafft d’Associatioun mat eenzele Betriber zesumme fir d’Liewensmëttelverschwendung ze minimaliséieren. Dat wat d’Leit an de Supermarchéen net méi kafe well et deemnächst ofleeft, gëtt vun hinne verschafft an un déi Leit verdeelt deenen et net sou gutt geet. Mir si frou dass mir mat eisem Erléis bëssen dozou bei steiere kënnen an deene Leit hëllefen déi et wierklech brauchen, a mir soen e grousse Merci fir Äert Engagement an eiser Gesellschaft. 

Publié le 30 janvier 2025
image00003

De Premier Minister Luc Frieden am LRSL

Actualité

De 5. Dezember hate mir héije Besuch am Lycée Robert-Schuman. Eise Premier Minister de Luc Frieden koum fir sech mam LRSL_Actionteam4future auszetauschen. No der Mediepresenz vun der Jugenddelegatioun op der COP29 gouf eise Premier Minister op si opmierksam a wollt sech mat hinnen treffe fir iwwer d’Resultater an hier Erfarungen ze schwätzen. Vun eise Schüler waren dréi Stéck op der COP29, de Julien Lemmer Veloso, de Paul Tabacel-Manea an d’Eleonor Borges. Et waren awer och nach zwee aner Schüler dobäi, eng Kéier de Maximilian De Pauw Gerlings aus dem Athenée de Luxembourg, an de Leo Kries aus dem Lycée Aline Mayrich. D’Directrice Madame Remakel hat dat éischt Wuert, an enger kuerzer Ried huet si d’Engagement vum LRSL_Actionteam4future immens gelueft. Dono krut de Premier Minister Frieden d’Wuert an huet iwwer d’Wichtegkeet vun der Jugend Participatioun geschwat. Doropshin hunn d’Schüler iwwerholl. Si hunn an enger Präsentatioun iwwer hier Erfarungen op der COP29 geschwat, an an engem zweeten Deel, hunn si hier Projeten an zukünfteg Pläng vum LRSL_Actionteam4future virgestallt. Am flottste war awer wuel d’Diskussiounsronn wou d’Schüler vun der 3A-LLCO an 3BC hier Froen a Bedenke konnte matdeelen. Déi ganz Visite gouf vun eiser 2A-LLCO gefilmt an zum Schluss hunn si och nach en Interview mam Premier Minister konnte maachen. Mir sinn immens houfreg op eis Schüler a mir soen dem Premier Minister Luc Frieden e ganz grousse merci fir séin Interessi un eisem LRSL_Actionteam4future an awer och fir seng Zäit déi hien sech geholl huet.  Fotogalerie

Publié le 16 décembre 2024
Auschwitz 1

Voyage éducatif à Auschwitz et à Cracovie

Actualité

Du 24 au 29 octobre 2024, 11 élèves du Lycée Robert-Schuman ont participé au voyage éducatif à Auschwitz organisé par l'ASBL Témoins de la 2e génération. Après un long voyage en bus, nos élèves ont visité Auschwitz I - Stammlager le premier jour. À travers une visite guidée, ils ont découvert les quartiers des prisonniers, les cellules de détention, les objets personnels des prisonniers ainsi que les vestiges des chambres à gaz et des fours crématoires. Le deuxième jour, les élèves ont découvert Auschwitz II - Birkenau, un site immense et plus dévastateur encore, conçu pour l'extermination de masse. Après avoir franchi la tristement célèbre « porte de la mort », les élèves ont suivi les rails de train menant directement aux rampes de sélection, avant de découvrir les baraquements où ont vécu et souffert les prisonniers. Enfin, le troisième jour était dédié à une visite de Cracovie, où nos élèves ont exploré les traces de l'histoire juive de la ville. Ils ont ainsi pu voir le quartier juif de Kazimierz, lieu rendu célèbre par le film Schindler's List de Spielberg. À travers ces visites guidées et les nombreuses activités pédagogiques proposées pendant les après-midi par l'ASBL Témoins de la 2e génération, ce voyage a sensibilisé nos élèves au devoir de mémoire et a renforcé leur engagement à promouvoir la paix et la tolérance pour les générations futures. Photographie 1 : Nos élèves à Cracovie Photographie 2 : Auschwitz-Birkenau Photographie 3 : Le mur de la mort, cérémonie d'hommage aux déportés Photographie 4 : Monument aux morts, Auschwitz-Birkenau Photographie 5 : Auschwitz I, Stammlager

Publié le 15 novembre 2024