L'offre scolaire au Lycée Robert-Schuman

Notre lycée offre l'enseignement secondaire de la classe de 7e d'orientation jusqu'aux classes de 1re pour toutes les sections sauf E (Beaux Arts) et F (Musique). L'horaire est celui de la journée continue allant de 7.55 à 13.55 heures. Nos effectifs varient entre 750 et 800 élèves.

En savoir plus sur notre lycée


Rock de Rack

4C1

Les élèves de la classe de 4e CL1 et leurs professeurs au Festival « Rock de Rack » (Kinépolis, 28/10/2021)

Cette journée de sensibilisation a posé les jeunes au centre d'un programme très diversifié avec des workshops pédagogiques, des tables-rondes, des stands d'information et un programme culturel. L'accent était mis sur l'égalité dans les médias, les films et le théâtre.

Ainsi, plus de deux cents élèves (9 classes) provenant de sept lycées ont participé à des ateliers pédagogiques organisés par l'Université du Luxembourg, le CID Fraen an Gender, l'armée luxembourgeoise, le Fonds national de recherche, Make it ASBL, le Centre national de l'audiovisuel, l'École du théâtre, Graffiti et le LISER. Le sujet de l'égalité fût traité de façon ludique et créative.

L'après-midi était marqué par la projection du film "Histoire(s) de(s) femme(s)", ceci en présence de la réalisatrice Anne Schroeder. Suivi d'un débat interactif, le "Rock de Krees", a permis aux jeunes de s'échanger avec la ministre Taina Bofferding ainsi qu'avec d'autres acteurs pour l'égalité femmes-hommes au Luxembourg.

Source : Ministère de l’égalité entre les Femmes et les Hommes
Photos : Carlo Kinn, Hervé Montaigu

Photos


received 1042230983263641

De „Fënnef vir Zwou“ op de Walfer Bicherdeeg
 

No engem Joer Paus waren d’Schüler vun der LRSL Schülerzeitung „Fënnef vir Zwou“ den 20. an 21. November 2021 erëm am Asaz op de Walfer Bicherdeeg. D’Schüler hu schonn déi 7. Kéier zesumme mam Här Wildanger den offiziellen Infoziedel vun de Bicherdeeg geschriwwen a gestalt. Si waren op Liesungen, hunn Interviewe mat Schrëftsteller, Politiker a Promie gefouert an hunn u Workshopen deelgeholl. D’Team vum „Fënnef vir Zwou“ hat och dëst Joer erëm vill Spaass bei der 26. Editioun vun de Bicherdeeg, a war vu Schüler vu 7e bis 1ère zu Walfer engagéiert.


Workshop #bookreview


Fënnef Schüler vum Lycée Robert-Schuman hunn un engem Atelier zum Thema Literaturkritik deelgeholl. D’Eline Klaassen an d’Lena Flammang vun der 1A*, d’Lory Klein an d’Jennifer Zoller vun der 3A* an de Richard Gerdemann vun der 2G hunn am Workshop geléiert ewéi een eng gutt Literaturkritik opsetzt an dës an ënnerschiddleche Medien publizéiert. An den nächste Woche wäerten déi fënnef Schüler Kritike verfaassen an dës och op ënnerschiddleche Medien publizéieren.


Science Festival 21

Vun eisen Septimaner haten di lëscht Woch 4 Klassen di grouss Chance un super flotten Atelieren vum Science Festival Deel ze huelen.

Si hu geléiert schwiewen :-) , sinn an di spannend Welt vun de Grotten getaucht, sinn villes iwwert Fliedermais gewuer ginn, hunn d’Geologie vum Land kënnen geléiert an kënnen elo Gestengsschichten vuneneen ënnerscheeden a bestëmmen. Si hunn DNA aus Äerdbieren isoléiert, sinn e bëssen méi iwwert Klimakriis gewuer ginn an hunn geléiert wat erneierbar Energien sinn.

Eng super Erfarung!
Merci all den Organisatoren! 
 


Actualités

754364be-ce8b-4e9c-93bf-6f3c856069a6

Schistage Eben im Pongau 2026

Actualité

Vum 5. bis den 10. Januar ware 64 Schüler fir e Schistage zu Eben im Pongau am Jugendgästehaus Lindenhof. No gutt 9 Stonne Bus si mir am Lindenhof ukomm. D’Kummere ware séier verdeelt an et ass schonn direkt seriö gi beim Schi a Schisschong verdeelen. Owes kruten eis Schüler dunn och nach den Oflaf vum Chef Schi Proff dem Mark erkläert.  Den Dag drop ass et dunn endlech richteg lass gaangen, d’Schüler goufen a Gruppen opgedeelt an hunn direkt de Monte Popolo, d’Schigebitt zu Eben im Pongau onsécher gemaach. Mat 6 km Pist ass et effektiv en immens kléngt Schigebitt, mee ideal fir sech déi éischt Deeg anzefueren, an dat bei quasi top Konditiounen, ausser deenen -15 Grad, mee och déi hunn eis net opgehal. Den drëtten Dag war et dunn sou wäit, eis Experte konnten op Flachau, en anert Schigebitt wat a 15 Minutte mam Bus ze erreechen ass. Dëst Schigebitt huet mat 210km Stréck e bëssen eng aner Dimensioun. De véierten, a leider och leschten Dag op der Schipist sinn du souguer d’Ufänger op Flachau gaangen. Och si hunn sech net misse schummen a si souguer déi méi steil Talabfahrt richteg gutt gefuer. Mir sinn awer net nëmme Schi gefuer. Déi Schüler déi dono nach fit ware konnten sech an enger flotter Sportshal nach bëssen auspoweren a natierlech hate mir och Spillowender, Dëschtennismatcher an e Quizowend. Dee leschten Owend hate mir dunn Disco, hei huet et net alt ze laang gedauert bis jiddereen mat gedanzt a gesongen huet. Et war eng immens flott Woch mat deelweis wéineg Schlof mee dofir awer mat immens flotten Erënnerungen. Merci un all d’Begleetpersounen an d’Organisateuren! Fotogalerie

Publié le 29 janvier 2026