Actualités & Activités

EMQ 2
Publié le 23.04.2024

European Money Quiz 2024

Eng Equipe vun Schüler vun eise 4e Klassen hunn de 26 Mäerz 2024 um European Money Quiz 2024 op nationalem Niveau deelgeholl. Dëse Concours  gouf vun der ABBL (Association des Banques et Banquiers Luxembourg) organiséiert.  D’Ziel vun dësem Concours ass Verbesserung vun hire Connaissancen um Niveau vun der Educatioun financière.  An eis Equipe huet de Nationale Concours gewonnen a krut domat Méiglechkeet eis d’Land beim European Money Quiz 2024 à échelle européenne zou Bréissel, ze vertrieden.  Déi 2 Vertrieder vun eiser Equipe d’Eléonore Pereira an de Paul Tabacel-Manea goufen dunn invitéiert vun der ABBL fir zou Bréissel den 18 an 19 Abrëll 2024, Lëtzebuerg beim EMQ à échelle européenne organiséiert vun der « European Banking Federation » (EBF), ze representéieren. Et war fir eis 2 Schüler eng exceptionell Geleeënheet fir sech mat Jugendlecher aus 26 verschiddenen Länner auszetauschen an sech am Concours ze beweisen.  De Gewënner vum Concours gouf déi Equipe aus Éisträich mat 2 Schüler déi hier Ausbildung un enger Handelsakadamie maachen.  Fir Präisiwwerreechung war déi belsch Kinnigin Mathilde derbäi, wat dem ganzen Evenement nach méi Visibilitéit a Wichtegkeet ginn huet.  E grousse Merci gëtt u Jessica Thyrion vun der ABBL an natierlech un Eléonore an de Paul déi sech ganz gewëssenhaft op dëse Concours präparéiert haten an hier Bescht ginn hunn.  https://entrepreneurship.lu/lu/best-practices/european-money-quiz-final-brussels-friday-19th-april https://www.ebf.eu/priorities/financial-education/european-money-quiz/

Ce qui peut vous intéresser

Lycée Robert Schuman

Lire la vidéo