20210706 124439

Scienteenslab - erneierbar Energien

Description


An hirer leschter Schoulwoch huet d‘3CLC sech nach emol mam Thema „erneierbar Energien“ beschäftegt fir ze kucken op et zu Lëtzebuerg méiglech wier dee kompletten Energieverbrauch exklusiv aus erneierbare Quellen ze kréien. Dofir hunn si als éischt detailléiert ausgerechent wéi vill Energie si am Alldag iwwerhaapt verbrauchen an hunn sech mam Landesduerchschnëtt verglach. D’Fuerscher vun der Uni.lu hunn d‘Schüler a 4 dynamesche Statiounen Experimenter maache gelooss fir rauszefanne wéi vill Energie ee mat Wand, Sonnestralung, Biomass souwéi individueller Muskelkraaft kréie kann. Doraus konnten d’Schüler Réckschlëss zéie wéi een am effektiivsten an am realisteschsten d’Zil vun 100% erneierbar Energie erreeche kann.

E grousse Merci un d‘Team vum ScienteensLab, dat dëse Workshop erméiglecht huet!

Fotogalerie

 Retour aux articles