Musik 20

Chrëschtstëmmumg am LRSL

Description


Och wann dëst Joer wéinst dem Covid 19 kee Chrëschtmaart am LRSL statt fanne konnt, hunn sech d’ Schüler vun de 7e Klassen  et  sech net huele gelooss fir virun der Vakanz am Musekscours fir déi néideg Chrëschtstëmmung ze suergen. Mat Museksinstrumenter a Boomwhackers gouf fläisseg doheem respektiv an der Schoul geprouft, Choreographieën zum Danzen astudéiert a mat Apps experimentéiert a  komponéiert.  An der leschter Schoulwoch hunn déi Jonk hiert Kënnen de Klassekollegen presentéiert an sou fir munnech Iwwerraschung gesuergt.

Fotosgalerie

 Retour aux articles