Visite Bourse de Luxembourg
Description
De 14. Mäerz waren Premièresschüler aus dem Lycée Robert-Schuman am Kader vun hirem Optiounscours « Economie autrement » op d’Visitt bei der Bourse de Luxembourg, wou si vum Generalsekretär Maurice Bauer empfaange goufen.
Si kruten d‘Méiglechkeet e méi déiwen Abléck an d’Aktivitéite vun der Bourse ze kréien a konnten d‘Finanzwelt aus engem manner theoretesche Bléckwénkel erliewen. E vun de Schwéierpunkte vun eiser Visitt louch op de sougenannte grénge Finanzen, an deenen d’lëtzebuerger Bourse sech an de leschte Joren zu engem weltwäite Virreider entwéckelt huet.
Ben Farschon, 1CD1