Science-Days am LRSL
Description
Vum 27. Februar bis 1. Mäerz 2019 ware bei eis am LRSL „Science-Days“ fir all Schüler vun de 5-ièmen. Am Virfeld hat jiddereen zwee vu 7 Atelieren zur Wiel:
- Rund ums Essen - eine Einführung in die Lebensmittelchemie
- La lumière: l‘expérimenter et la comprendre
- Kriminalbiologie
- Mikroorganismen ënnert der Lupp
- Mesures pratiques : p.ex. déterminer la hauteur d’un objet inaccessible
- Programméieren mat Scratch
- Geocaching am Bësch
Während zwee Deeg hunn d’ Schüler vill praktesch geschafft an sech intensiv mat deene verschiddenen Themen ausernee gesat. Den drëtten Dag hunn si a klénge Gruppen d‘ Resultater vun hiren Analysen zesummegefaasst fir de Kollegen an Professeren ze presentéieren. Zudeem gouf all Atelier vu Schüler mat Kamera a Fotoapparat begleet. Si hu flott kleng Filmer erstallt an soumat och d’ Ambiance vun de Schüler bei hirer Aarbecht festgehalen.
Als Ofschloss vun de „Science-Days“ huet d’ Direktioun d’ Elteren e Méindeg de 4. Mäerz an de Festsall vum LRSL invitéiert. Hei hunn d’ Schüler hire Projet mat grousser Begeeschterung virgestallt an dem Publikum en Abléck an dat kreatiivt Schaffen an de Wëssenschaften ginn .