Visite vun der Chambre des Députés

Description


Méindes, de 4. Mäerz huet d’ 4C2 eng Visite vun der Chambre des Députés gemaach.  

D’ Schüler si vum Deputéierten Max Hahn empfaange ginn a kruten als éischt Raimlechkeeten vum ChambreTV gewisen. Nodeems de Max Hahn hinnen déi geschichtlech Aspekter vun de Gebailechkeeten erkläert hat, krute si am Sëtzungssall en Abléck an déi verschidden Aarbechtsberäicher an Aufgaben vun den Deputéierten. An enger flotten Diskussiounsronn haten déi Jonk dunn d’ Méiglechkeet dem Herr Hahn Froen zu der politescher Aktualitéit wei och zu sengem perséinlechen Engagement ze stellen.

Mir soen dem Herr Hahn e grousse Merci fir déi interessant Visitt an deen häerzlechen Empfang.

 Retour aux articles