„Fënnef Vir Zwou“ zu Besuch am Ausseministère

Description


De 26. Mäerz 2018 war moies en Deel vum Team vun der Schülerzeitung „Fënnef Vir Zwou“ zu Besuch am Ausseministère fir den Ausseminister, den Här Jean Asselborn, ze treffen. Am Kader vum Dag vun der Pressefräiheet, den den 3. Mee ass, huet d'Schülerzeitung un engem Projet vum Tageblatt deelgeholl, den doraus bestanen huet, dass déi Jonk Schüler aus der Primärschoul an aus de Lycéeën aus dem ganze Land fir den Dag hir eegen Ausgab vum Tageblatt erausbréngen.

D‘Schülerzeitung vum LRSL huet sech engagéiert fir iwwert d'Aussepolitik ze schreiwen, a si hu sech mam Thema Rietsruck an Europa befaasst, an dofir ass ee bal net derlaanscht komm den Här Asselborn zu der Thematik ze befroen. Den Ausseminister huet sech dunn och direkt interesséiert gewisen. Den Här Wildanger huet du spontan e Rendezvous mam Här Asselborn ausgemaach, deen extra trotz sengem vollen Zäitplang eng Stonn fir déi engagéiert Schüler Zäit geholl huet. Tëscht senge Reesen a Spuenien an Albanien, ass en Deel vum Team vum "Fënnef vir zwou" an den Ausseministère gaangen.

Den Ausseminister war ganz begeeschtert, kënnen un dem Projet deel ze huelen. Hien huet sech direkt d'Äermel eropgekrämpelt an sech de Froe vun de Schüler gestallt, a war ganz gespréicheg, esou ewéi een den Här Asselborn och kennt. No enger gudder Stonn, a villen zum Deel och ganz komplexe Froen zur Zukunft vun Europa an der Gefor, déi Rietspopulismus fir Europa bedeit, huet de Minister sech missen op de Wee op de Findel maachen, well hie schonn erëm an d'Ausland huet misse fléien.

D'Redaktioun vum "Fënnef vir Zwou" huet him als Merci nach eng Kaffistaass an e Kaartespill vum LRSL iwwerreecht. Déi Extraausgab vum Tageblatt kënnt dann den 3. Mee eraus a gëtt bei all normal Ausgab vum Tageblatt bäigeluecht. D'Chefredaktioun vun der „Fënnef Vir Zwou“ krut och ausserdeem déi grouss Éier kënnen d'Chefredaktioun vun dëser aussergewéinlecher Ausgab vum Tageblatt ze iwwerhuelen.

 Retour aux articles