DSC 0022

7e Let's Sing 2018

Description


Den 3. Mee 2018 huet den all jäerleche "7e Let's Sing" stattfonnt, an dem all d'7e Klassen an hirem Musekscours eppes ageprouft hunn fir deen Owend dem Publique ze presentéieren. All Klass huet ee Klasselidd astudéiert, an duerno hunn se sech nach a Gruppen agedeelt wou se zesumme gesongen, gedanzt, Video gedréint, an engem Instrumenten Ensemble an och Piano gespillt hunn. Am Ufank hunn alleguer d'7e zesummen d'Lidd ,,Adiemus'' aus dem Film Avatar gesongen an zum Schluss gouf dee ganze Concert mam Lidd ,,Nur gemeinsam sind wir stark''  ofgeronnt. E grousse Merci geet un d'Madame Wolter di dat ganzt organiséiert an astudéiert huet.

Redaktioun: Michel KIPCHEN, 7C3

Fotogalerie

 Retour aux articles