Wonschstär

Chèque Iwwerreechung am LRSL

Description


E Freideg den 02. Februar 2018 hunn d’ Schüler mat der Direktioun vum LRSL an der Mëttespaus e Chèque an Héicht vun 4000€ un d’ Fondatioun “Wonschstär“ iwwerreecht. Gesammelt goufen des Suen duerch de Verkaf vun Iessen, Gedrénks, a Chrëschtdeko um Chrëschtmaart um Enn vum 1 Trimester. D‘ Fondatioun “Wonschstär” ënnerstëtzt säit 4 Joer Mënschen, déi de Glawen u sech verluer hunn, well hiert alldeeglecht Liewen opgrond vu Krankheeten, Accidenter oder Schicksalsschléi extrem belaascht gouf. Dësen Don ass soumat eng wieder Méiglechkeet fir nei Dreem ze verwierklechen. E grousse Merci dofir un all Memberen aus dem LRSL fir hiren Asaz a Méi. Weider Infoen iwwert d’ Fondatioun ënner www.wonschstaer.lu

 Retour aux articles