De Charles Goerens op Visite am Lycée Robert-Schuman

Description


Den 9. Februar haten d’Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman d’ Méiglechkeet sech mam lëtzebuergeschen Europadeputéierte Charles Goerens auszetauschen. Direkt am Ufank, huet de Charles Goerens d’Geleeënheet genotzt fir d’Schüler iwwert d’Erausfuerderungen an d’ Responsabilitéiten déi Europa an eisem Zäitalter dréit opzeklären. D’ Welt entwéckelt sech ëmmer méi schnell an déi aner Länner gewannen ëmmer méi un Afloss, wat derzou féiert datt Europa gezwongen ass sech an nächster Zäit  ze behaapten. Den eemolege Verdeedegungsminister emfënnt der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel hirem Saz « Wir schaffen das » géigeniwwer eng gewëssen Dankbarkeet a wëllt guer net un d’ Konsequenzen vun engem Saz « Wir schaffen das nicht » denken. Des weideren ass hien der Iwwerzeegung datt d’Flüchtlingskris keng Kris wier, wann eng gerecht Ëmverdeelung vun de Flüchtlingen a ganz Europa statt géing fannen sou den Demokrat : « Ech wunnen zu Schieren engem Duerf vu 1700 Awunner, eng gerecht Verdeelung géing bedeiten datt mir eng Mamm e Papp an hir Kanner géingen ophuelen an och integréiert kréien ». D’ Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman hu sech zu jeeweils engem Thema spezifesch Froen virbereet. Egal op Digitaliséierung, Flüchtlingspolitik oder Landwirtschaft, de Charles Goerens huet seng interessant Iwwerleeeungë mat de Schüler gedeelt.

D’ Angscht vun de Schüler virun de Gefore vun der Digitaliséierung konnt de Charles Goerens no- vollzéien. Déi digital Technologië sinn a sengen An Fluch a Segen zugläich. Si kënne Fortschrëtt an nei Méiglechkeetë fir d’Mënschheet duerstellen, mä  genau dës  Méiglechkeetë kënnen och géint d’Mënschheet benotzt ginn. Doropshin huet de Charles Goerens eng Parallel zum Holocaust gezunn. E wollt betounen datt  net nëmmen duerch déi antisemitesch Iwwerzeegung erfollegë  konnt, awer och duerch déi perfekt Organisatioun vum Nazi-Staat. Eis Gesellschaft brauch ethesch Prinzipien, besonnesch am Beräich vun der Digitaliséierung, well et kann ee vill Guddes domat erreechen, mee och negativ Entwécklungen ervirruffen wann een net oppasst.”                                                                     

Eng Schülerin huet hir Bedenken iwwert Bëllegfleesch geäussert. De Charles Goerens huet betount datt all Bierger an der EU Recht huet op e Fleesch dat de Qualitéitsnormen vun der EU entsprécht, an datt d’ Qualitéit vum Fleesch net vum Portemonni vum Consommateur ofhänken dierf. D’ Schüler wéi och den Europadéputéiert an d’ Enseignanten hu sech iwwert dësen interessanten a liewegen Échange gefreet. De Charles Goerens war  beandrockt vun  de pertinent a gutt recherchéiert  Froen vun den 2e Schüler. Ofschléissend, hunn eis Journalisten nach eng Rei Froë gestallt fir der LRSL-Schülerzeitung en interessante Reportage unzebidden.

De Lycée Robert-Schuman hëllt zanter dësem Joer um Programm « Ecole ambassadrice du Parlement européen » deel. Ziel vun dësem Projet ass et de Schüler d’ Europäesch Unioun méi no ze bréngen an den Austausch tëscht der EU an de Jonken ze verstäerken. D’ Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman kënne sech deemno op weider flott Échangë mat den Europadeputéiertë freeën ewéi och Visitë vun den Europäeschen Institutiounen maachen, zB vum Europaparlament zu Stroossbuerg, vum Parlementarium zu Bréissel oder vun der Cour de justice de l’ Union européenne hei zu Lëtzebuerg.

(Redaktion: Ben Farshon- 2D1 am LRSL)

 Retour aux articles