Schuman Tube Rewe

Youth start project 2017/18

Description


Am Kader vum "Youth start project 2017/18" mussen d’Schüler vun der 4CLC1 och dëst Joer erëm eng Partie vun „Challenges“ absolvéieren, déi hir sozial Kompetenzen trainéieren a si op di spéider Beruffswelt virbereeden. 

Beim REWE zu Iechternach, zu Beetebuerg an der Résidence „An de Wisen“ an zu Mondorf hu si deemno hir Talenter als „Fun-Tuten“-, Glühwäin- an Thüringer-Verkeefer mussen ënner Beweis stellen. 

Mam Erléis aus dëse Verkafsaktiounen finanzéieren si di geplangten Rees-Aktivitéit vum Youth-Start-Projet. Ausserdeem maache si en Don un de Projet-Partner PADEM, eng ONG, déi sech weltwäit fir Kanner an Nout asetzt.

 Retour aux articles