1A-LLCO: Schéine Succès beim Nationalen Vakanzen- a Reesfilmconcours am „Kinoler":

Description


Matgemaach beim „Frames4Holidays“ hunn dëst Joer och zwou Schülerinnen vun eiser 1A-LLCO: 

D’Kim Krämer huet sech mat sengem technesch a bildästheetesch gelongenen Drone-Film „Somewhere in the mountains“ qualifizéiert. 

Vum Pauline Cano goufen am Kahler Kino direkt zwee Filmer gewisen: „Esch/Alzette - Un coeur industriel devenu un paradis culturel“ an „Clervaux - Un aperçu du Nord“.

No engem Marathon vun 22 Filmer gouf dem Pauline säi Bäitrag iwwert Klierf mam „Prix d’encouragement“ ausgezeechent. 

Positiv bewäert huet d’Jury em di bekannten Komponistin Albena Petrovic souwuel di erfrëschend spontan Billersprooch vun eiser A-LLCO-Schülerin wéi och seng facettëräich an originell Behandlung vum filmeschen Thema.

 Concours Frames4Holidays  (623.91 Ko)

 Retour aux articles