211013-0004

Visitt vum Ierfgroussherzog Guillaume am LRSL

Description


Kuerz viru sengem 40. Gebuertsdag war et de Wonsch vum Ierfgroussherzog Guillaume fir e puer Plazen ze besichen, déi hien a sengem Liewe markéiert hunn – dorënner och säi fréiere Lycée, wou hien en Deel vu senger Schoulkarriär verbruecht huet.

E Mëttwoch, den 13. Oktober 2021, gouf hie mat grousser Spannung vun der ganzer Communautéit erwaart a  vun der Direktioun a fréiere Professeren an der Entrée empfaangen. Am Ufank vu senger Visitt stoung de Chimiescours vun der 2C um Programm,  wou d’Schüler flott Experimenter virbereet haten déi hien ënner hirer Uleedung ëmgesat huet. Weider goung et an déi nei Lounge vum SSE, laanscht den Europa-Eck an d’Sportshal, duerch d’Galerie an d’Bibliothéik bis bei 7C5 déi grad Däitsch haten. Uschléissend un dësen Tour duerch d’ Gebai konnten eenzel Schüler bei enger Table Ronde  am Festsall sech mat him austauschen. Si hunn e puer nei Aspekter vun der Schoul virgestallt, an hien huet hinnen e klengen Abléck a seng Erliefnesser am LRSL ginn. 

Weider Theme waren ënnert anerem d’Engagement vun de Schüler bei ausserschouleschen Aktivitéiten, déi nei Sektioun A « Langues, littérature et communication »,  d’Digitalisatioun an d’Corona-Pandemie. Mat ville flotten Impressioune goung sou dëse besonneschen Dag eriwwer.

Fotogalerie

 Retour aux articles