Nationale Concours «Jeune Journaliste»

Description


De leschte Freideg huet den Här Paul Peckels, Generaldirekter vum Wort, eis 4CL1 a Begleedung vun engem Kamera/Interview-Team besicht. Bei dëser Geleeënheet kruten di Jonk den zweete Präis iwwerreecht, deen si zesumme mat der 6CLC1 um nationale Concours «Jeune Journaliste» an der Kategorie 13-15 Joer gewonnen hunn.

Am Laf vum éischte Semester goufe ronn 60 schrëftlech Reportagen an eng Fotoserie zum Thema «Wunnen zu Lëtzebuerg: Wonsch oder Wierklechkeet» vun den LRSL-Klassen 4CL1, 6CLC1 an 2eA* realiséiert.

A senger Usprooch huet den Här Peckels eis Schüler dofir gelueft, datt si dat gestallten Thema net nëmme präzis erfaasst mais och ganz nuancéiert a variéiert behandelt hätten.

Video

 Retour aux articles