Traditioun - Familiaritéit - Fortschrëtt

Description


Dëst sinn dräi Schlagwierder, déi eise klenge schéine Lycée ausmaachen.

All Klassesall verfügt iwwert eng elektronesch Tafel an en eegene Computer, sou datt den Enseignant de Cours interaktiv gestalte kann. Des Weidere schaffe mir mam elektronesche Klassebuch, dat et de Schüler wéi och den Elteren erméiglecht, ob de Stonneplang, opstoend Hausaufgaben an de Léierstoff fir d‘Prüfungen och vun doheem aus oder iwwert d’App um Handy zu all Moment Zougrëff ze hunn.

An eisen iPad-Klassen vu 6e – 4e an op 3 A*  fënnt ausserdeem een interaktive an ofwiesslungsräiche Cours statt, wou d‘Schüler nieft dem normale Schoulprogramm och an der autonomer Handhabung vun dësem Outil geschoult ginn.

Ënnert dësem Link fannt Dir e klengen Abléck, wéi sou eng iPad-Klass fonctionéiert: https://vimeo.com/276299693/7977fe9cc6

 Retour aux articles