Aarmut hei zu Lëtzebuerg

Aarmut hei zu Lëtzebuerg

Description


Haut de mëtteg war den Här Deputéierte Paul Galles op der 6C2 a 6C4 op Besuch an huet eng Villzuel vu Froen vun de Schülerinnen a Schüler zum Thema "Aarmut hei zu Lëtzebuerg" beäntwert. Dëst Thema ass ee wichtegt Kapitel vum Vieso-Cours op der 6e. Duerch säi fréiere Beruff bei der Caritas, awer och duerch séng aktuell Aufgaben am Stater Gemengerot an als Deputéierten, huet de Paul Galles sech mat deser Thematik zënter Joren beschäftegt a kennt sech och mat der Situatioun hei zu Lëtzebuerg gutt aus. 

 Retour aux articles