Wonschstär

Scheckiwwerreechung vum LRSL un d’Fondatioun Wonschstär

Description


Et ass schonn bal zur Traditioun ginn: de Bénéfice vum LRSL Wantermaart, deen mir all Joer um Enn vum 1. Trimester organiséieren, spende mir och dëst Joer un d’Fondatioun Wonschstär. Deen nach ewell substantielle Montant vun 3500 € gëtt vun hinnen integral op d’Acquisitioun vun engem Exoskelett gesat. Dësen Apparat hëlleft gelähmten Leit, mee awer och Leit, déi un Parkinson erkrankt sinn oder en ACV erlidden hunn, erëm ze goen.

Dass dee Montant zesumme komm ass, verdanke mir dem Kachen & Brachen, Bastelen & Schaffen vun all eise Klassen, déi den 17. Dezember zesummen mat hire  Professeren hir Produiten der Schoul Communautéit mat den Elteren ugebueden hunn. E grousse Merci vun der Direktioun un si alleguer.

 Retour aux articles