Projet „Meng Klass – Mäin Team“
Description
Den Donneschden, 7. November waren d’Schülerinnen a Schüler vun der 7C4 aus dem LRSL am Kader vum Projet „Meng Klass – Mäin Team“ op Besuch am Jugendzenter am Mariendall. Begleet sinn si ginn vun der Mme Liebgott aus dem SEPAS, der Mme Olm aus dem SSE an hierem Régent, dem Här Lech. Um Programm stungen eng Rei vu Coopératiouns- an Teambuildingsspiller. Trotz den schlechten Wiederconditiounen en interessanten a flotten Moien!