Don d'organes häerz rs

Don d’organes

Description


“Wéini gëllt eng Persoun als Dout? Wéi vill Persounen kann een an Theorie mat sengen Organer retten? Wéi laang hunn d’Dokteren Zäit fir een Organ ze transplantéieren? Wéi kann ech Organspender ginn?” Op dës an vill aner Froen kruten d’Schüler vun den 2es Klassen den 04. Oktober Äntwerten. Den Här Lopes aus dem “Institut national de chirurgie cardiaque et de cardiologie interventionnelle” huet den Nomëtten mat den Schüler iwwert d’Thema vun der Organspend geschwat iert hien d’Wuert un seng 2 Invitéen ginn huet. Hei ass et dunn e gutt Séckchen méi emotional ginn.

Déi 2 Persounen hunn vun hiren ganz eegenen Erfarungen an Erliefnesser zum Thema “don d’organes” geschwat.
Engersäits aus dem Point de Vue vun enger Persoun déi duerch eng Spent vun engem Aneren kann weider liewen. An anerersäits aus dem Point de Vue vun enger Mamm déi hiert Kand verluer huet an mat deem sengem Dout awer engem Kand eng Zukunft erméigleche konnt. All Schüler konnt sech zum Schluss nach een Pass huelen op dem een androe kann ob hien oder hatt wëll Organspender ginn an et gouf nach e klengen Cadeau vun luxtransplant.lu iert di Jonk dunn an den Weekend entlooss goufen.

Don d'organes

 Retour aux articles