DSC 0524

D'Jugendparlament stellt sech vir

Description


En Freideg den 11ten Oktober ass d'Jugendparlament sech am LRSL virstelle komm. Iwwer de ganzen Daach konnten d'4es an 3es Klassen sech mat verschiddenen Politeschen Themen ausernee setzen an en ganz prakteschen Abléck an d'Welt vun der Politik geheien. Ënnert anerem gouf iwwer d'Wahlrecht ab 16 debattéiert, obligatoresch Stagen am Lycée Classique goufen kritesch diskutéiert.

D'Thema vum Plastikverbuet gouf an Ugrëff geholl an et gouf iwwer d'IPad'en an de Schoule geschwat.
Ganz demokratesch an mat gudder Laun hunn d'Schüler iwwer déi ugebueden Theme-beräicher ofgestëmmt an d'Klassen missten pro an kontra Argumenter zu den verschiddenen Thematiken fannen an déi aner vun hirem Standpunkt iwwerzeegen. Mat Freed gouf argumentéiert an diskutéiert iert d'Schüler dann an de wuel verdéngten Weekend goen konnten.

Fotogalerie

 Retour aux articles