Babysitter Ausbildung am LRSL

Description


Den 21 an 23 Mee 2019 war Babysitter Ausbildung am LRSL. Dëst zesummen mat der Erzéiungs- an Familljeberodung vun der AFP- Solidarité-Famille Asbl.

Ganzer 19 Schülerinnen sinn wärend 2 Nomëtteger bis owes 18h30  an der Schoul bliwwen fir drun deel ze huelen.  RESPEKT!

D'Ausbildung gouf vun enger Psychologin an Sozialpädagogin gehalen déi di wesentlech Informatiounen am Beräich vun der Entwécklung an Entwécklungsförderung   aus psychologescher an pädagogescher Siicht vermëttelt hunn. Eng Kanner- Infirmière huet eis Jugendlech dann nach iwwer Kannerkrankheeten, Verletzungen an Versuergen vun klenge Kanner informéiert.

Den Highlight war de Besuch vun Zwillingen déi 8 Méint al waren. D’ Schüler hunn der Mamm vun deenen 2 vill interessant Froen gestallt, wat hinnen an hirer Babysitter Funktioun vill hëllefe wäert.

Mir wënschen eise Schüler vill Erfolleg an vill Spaass bei hirer net ëmmer sou einfacher Beschäftegung.

 Retour aux articles