IMG 3747

Innovation days” am CHL

Description


Samschdes, de 16. Mäerz hu Schüler vun der 4C2 a 4C3 op den “Innovation days” vum CHL deelgeholl.  

Dëst huet hinnen erlaabt en Abléck an d’ Beruffer an den Oflaf vun enger Klinik ze kréien. Um Programm stoungen Visitten vun der Poliklinik, dem IRM an dem Operatiounsblock, wou si d’ Méiglechkeet haten, en Operatiounsroboter vun der neister Generatioun ze stéieren a selwer verschidden Etappen vun enger Anästhesie duerchzeféieren.  

Si hunn ausserdeem un verschidden Atelieren deelgeholl, wei zum Beispill der Reanimatioun vun engem Neigebuerenen oder der Technik vun der Häerzdrockmassage. 

Et war en interessant Evenement, wou d’ Schüler den Alldag hannert de Kulissen entdecken konnten. 

Fotogalerie

 Retour aux articles