Scheckiwwerreechung

Scheckiwwerreeschung vum Erléis vum Wantermaart 2018

Description


Och dëst Joer hunn eis Schüler a Professeren fläissegen Asatz um Wantermaart bewisen an esou déi stolzen Erléis vun 4700€ erschafft.

D’Halschent hu mir de 14. Februar 2019 dem Wonschstäer iwwerreecht – enger Fondatioun, déi bedürftegen oder kranke Leit hëlleft, sech en Häerzens Wonsch ze erfëllen.

Eisen Don ass e Mini-Step zum Exosquelette, dat si wëllen uschafen, fir esou querschnittgelähmte Persounen erëm ze erméiglechen selbststänneg ze goen.

Déi aner Halschent fléisst an de Fonds social vum LRSL, deen op de Voyages d’Etudes/Sportifs, déi vum Lycée organiséiert ginn, déi Schüler ze ënnerstëtzen, déi finanziell net esou gutt do stinn.

Wonschstär

 Retour aux articles