ORIKA-Projet
Description
Och den 21. Januar koum nees d’5. Schouljoer aus zwou verschiddene Grondschoulen am Cader vum ORIKA-Projet an de Robert Schuman fir e bësse Lycéesloft ze schnupperen. Déi eng kruten een Abléck an d’Beräicher vun der Physik, de Sciences naturelles an der Geographie an déi aner an de Beräicher vun der Chimie, der Konscht an dem Fairtrade. Mir ware frou déi interesséiert Schüler bei eis empfänken ze kënnen.