Fête de l’Europe 2018
Description
Festivitéiten zum 9. Mee am Lycée Robert-Schuman Luxembourg (LRSL)
68 Joer ass et hier, dass de Robert Schuman, deemolegen Ausseminister vu Frankräich, um 9. Mee 1950 de Schuman-Plang zur Schafung vun enger Unioun fir eng gemeinsam Stol- a Kuelenindustrie virgestallt huet. All Grond also fir besonnesch am no him benanntene Lycée Robert-Schuman d’Fête de l’Europe eecht ze huelen, an aus deem Grond gouf et mëttwochs de 9. Mee och eng grouss Festivitéit am Festsall vum LRSL.
De ganzen Dag stoung Europa am Mëttelpunkt am LRSL, an d’Schüler hunn eng grouss Fête de l’Europe op d’Been gestallt. Als „École Ambassadrice“ huet de Lycée Robert-Schuman sech op de Fändel geschriwwen, déi Europäesch Wäerter héich ze halen an ënnert dem Motto vun "EUROPEAN VALUES“ sollten dës Wäerter an de Mëttelpunkt geréckelt ginn, déi Europa esou wichteg fir déi eenzel Staaten maachen.
Article Tageblatt 11 mai 2018 (1.63 Mo) |