Europa Parlament zu Stroosbuerg

Description


Am Kader vum Projet « Junior Ambassadeuren » konnt 2D1 op Stroossbuerg d'Europa Parlament besiche goen. Endlech op der Platz ukomm, goufen d'Schüler an d'Proffen vun Guiden an Empfang geholl. Alles gouf strikt kontrolléiert well  den 17 Abrëll huet de Franséischen President Emmanuel Macron eng Ried virun dem Europa Parlament gehalen . D'Opreegung war grouss well hinnen versprach ginn ass, dass si sengem Diskuer nolauschtere wäerte kennen. Di Haapt Renconter vun dëser Klass war mat der Madame Viviane Reding, eng lëtzebuergesch Deputéiert.

No engem kuerzen Quiz iwwert Europa, ass Madamm Reding och komm an huet erkläert wat si als Deputéiert mëscht an wat hier Ideen fir d'Zukunft wären.  Als Deputéiert gëllt et een Projet virun d’ Parlament ze bréngen an deen dann widderrum mat villen internationalen Deputéierten ze beschwätzen an en nach ze perfektionéieren. Zum Beispill huet si 2012 e Projet iwwert den Dateschutz proposéiert, deen ab do fir ganz Europa applizéiert gëtt an wou sech elo souguer grouss Firmen wei Facebook elo halen sollen.

D’ Madamme Reding probéiert fir d'Zukunft eng grouss europäescht Arméi ze grënnen fir dat Europa een méi groussen Afloss kritt an dat d'Käschten och méi bëlleg géife ginn.

An Amerika hätten si zum Beispill nëmmen 30 Typpen vun Panzeren wärend mir an Europa 138 Aarten hätten. Wann Europa ee puer gemeinsam Aarten vun Panzeren hätten, géifen si 80 Milliarden spueren an als grouss Arméi gezielt ginn.

Madamme Reding huet och erkläert dat als Lëtzebuerger mir fir Europa hale mussen wéinst der Gréisst vun eisem Land. An well sech ëmmer méi Länner Europa den Réck zoudréine wëllen, kämpft si fir hinnen d'Aen op ze maachen.

Zulescht ass et och Richtung salle hémicycle gaangen, wou d'ganz Klass nach den Deputéierten hier Froen an den Här Macron seng Äntwerten nolauschtere konnt. Den Sall ass immens grouss an nëmmen mat e puer Fënsteren um Daach equipéiert. Den Verlaf an d'Verhalen vun den Deputéierten ass ganz aneschters wie een et ëmmer op der Telé gewisen kritt, et muss een schonn selwer dohinner goen fir et ze gleewen : Et waren Deputéierte, di mateneen gepotert hunn, anerer di di ganzen Zäiten um Handy waren an eng Fra huet souguer een Korsika Fändel wärend dem Macron säin Speach gewonk. Ausser dat ongewinnt Behuelen vu verschiddenen Leit, war et impressionnant wéi vill Sproochen op enger Kéier geschwat gouf an sou vill Dolmetscheren all di verschidden Sproochen an ee puer Sekonnen iwwersetzen missten. Och nëmmen als Visiteur huet een d'Wichtegkeet vun Meeting gespuert an wie all Wuert gemooss gouf.

Virun deem mir erëm de Bus geholl hunn, huet eis Madamme Reding generéis an der Kantin vum Europa Parlament agelueden.

 Retour aux articles