LOGO LRSL ouni Hannergrond

Summerschool 2022

Description


Léif fréier Schüler – an dozou zielen och all déi, déi dëst Joer hir Première bei eis gepackt hunn!

Och dëst Joer gëtt nees eng Summerschool an der Schoul organiséiert an zwar vum 29. August bis den 9. September. An deeër Zäit organiséieren mir Couren am Däitschen, am Engleschen, am Franséischen an an der Mathé. Eventuell – jee no Nofro vun de Schüler - ginn och Couren an der Physik, der Chimie, der Biologie an der Économie organiséiert. Wann dir zu deem Moment Zäit hutt a Loscht, als Enseignant dës Couren ze iwwerhuelen, dann mellt iech

  • Bei der Direktioun vum Lycée ()
  • Beim Ministère iwwert de Link http://edulink.lu/rdt5 - deen ass säit gëschter online.

Merci fir ären Interessi! Mir freeën eis, iech erëm ze gesinn!

 Retour aux articles