Terra

Visite vun der Coopérative “Terra” um Eecherfeld den 22 März 2022

Description


Datt et méiglech ass d’illimitéiert Besoinen vum Consommateur dem natierlechen Zyklus vun der Landwirtschaft ënner z’uerdnen, dovunner konnten sech d’1ères Schüler vun der Optioun “L’Economie autrement”wärend enger Visite vun der Coopérative "Terra" um Eecher Feld iwwerzeege loossen. "Terra" versteet sech als eng sougenannten Amap (Associations pour le maintien d'une agriculture paysanne) déi sech als Haaptzil gesat huet e Lien tëschent der Landwirtschaft an dem Consommateur hirzestellen an esou eng Alternative zu der gängeger industrieller Agrikultur ze bidden. D’Clienten, déi hir Memberschaft am Viraus bezuelen, kréie all Samschdeg e Panier mat der wochentlecher saisonaler a régionaler Recolte. So léiert en d’Uebst a Geméis aus eisem Land an dat saisonaalt ze respektéieren. 

D'Presentatioun a Explikatiounen zou der Coopérative kruten d'Schüler vum Här Eugène Becker. E grousse Merci !!! 

https://www.terra-coop.lu/

 Retour aux articles