MINI-ENTREPRISES 19/20

Description


ProtectIt!

Eis mini-entreprise ProtectIt! garantéiert iech Schutz fir äeren Iphone Kabel. Dir sidd Iech dem Probleem bestëmmt all bewosst dass den Iphone Kabel no e puer Méint op enger bestëmmtener Platz futti geet. ProtectIt! ass dei ëmweltbewosst Léisung an recyclabel. Websäit: ProtectIt

 

BeeClear

Bei BEECLEAR produzeieren mir natierlech Kosmetik-Produkter op Basis vun Beiewuess, natierlechem Ueleg an ethereschem Ueleg. Eis Produkter sin bio an vun lokaler Produktioun. Mir verzichten komplett op Plastik, dofir verkaafen mir eisen Balsam an klengen Glasdeppecher. Facebooksäit: BeeClear

 

Frëschkëscht

Bei FrëschKëscht handelt et sech em eng Këscht de?i nëmmen lokal an saisonal Produiten enthält. Domadder wëllen mir déi lëtzebuergesch Baueren ënnerstëtzen an Lëtzebuerg dorobber opmierksam maachen, dass et wichteg ass lokal an saisonal ze consomméieren. Onsen Produit kann een iwwer ons Webäit bestellen déi ënner dem folgenden Link accessibel ass: Frëschkëscht

Et ginn zwou Varianten vun der FrëschKëscht – Eng Normal an eng Vegan. An der normaler Këscht ass Geméis, Uebst, Mëllech an Eeër. An der veganer ass Uebst an Geméis. Well mir mat dësem Projet och onsen ökologeschen Foussofdrock verréngeren wëllen, hunn mir ons geduecht, dass mir onsen Produit net un ons Cliente liwweren wäerten mee mir am Viraus Hotspots bestëmmen wou ons Cliente onsen Produit sichen kommen mussen.

 Retour aux articles