Europawahlen

Europawahlen 2019

Description


Dënschdeg den 21. Mee hunn sech eis 2e Schüler am Festsall zesummefonnt fir eppes iwwer d‘europäescht Parlament ze leieren am Kader vun den Europawahlen. Ze dësem Zweck gouf Madamm Yuriko Backes invitéiert, Chef de la Représentation de la Commission Européenne. Am Ufank huet si d’Schüler gefrot, ob si scho Clichéen iwwer d’EU héieren hunn, déi si dunn opgedeckt a richteg erkläert huet. Duerno ass et weider gaange mat enger Presentatioun vun de verschiddene Pilier vun der EU wou d’Schüler d’Fonctionnement  beschriwwe kruten an sou demonstréiert krute wou déi Leit déi ee wielt bei dëse Wahlen hikommen a wat hir Aufgab ass. Zum Schluss koum nach eng Froeronn, bei der d’Schüler verschidde Statements a Froe konnte lassgi sief et zur Wahlflicht, Representatioun vun de Fraen an der europäescher Politik oder iwwer Artikel 13. 

Schmitz Rochelle (2G)

 Retour aux articles