IMG 1189

Liesnuecht

Description


Mat Zauberstäb, Draachen an Einhörner hunn d’Schüler vun der 7e a 6e, an Zesummenaarbecht mam Schülercomité an dem SSE, den Owend vum 17ten op den 18ten Dezember an der Bibliothéik hier Liesnuecht verbruecht.

Ganz am Thema vun der Fantasie konnten di Jonk ab 18:00 Auer u verschidden Aktivitéiten deelhuelen, liesen, spillen an d ‘Bibliothéik entdecken.

Mat engem Quizz an der Hand sinn d ‘Meedercher an Jongen duerch d ‘Regaler gezunn an hunn no a no déi verschidde Bicher kenne geléiert di mir an der Schoul ubidden. Fir sech dann och net an de Säiten vun al deenen Schmökeren ze verléieren konnten si sech hier eegen Lies-Zeechen bastelen.

Mat engem leckeren Picknick ass géint hallwer Aacht Energie getankt ginn, ier um 21.00 de Quiz opgeléist gouf. D’Léisungswuert war “Tintenherz” an domadder huet dann och schonn di lescht Aktivitéit fir den Owend ugefaangen. De Film mam nämmlechte Numm ass ugelaf an lues a lues ass et am Gebai méi roueg ginn.

Nom Tintenherz ass jiddereen an säin Pyjama geklommen an huet sech prett gemaach fir am klengen Turnsall de Wee an den Schlofsak ze fannen. Mat hiren Täscheluuchten an der Hand ass Lénks a Riets nach e bëssen geschwat a geflüstert ginn ier dann awer och de leschten seng Luucht ausgeknipst huet an ageschlof ass.

Moies sinn d’Schüler mat engem Croissant, engem waarmen Schocki, engem frëschen Orangëjus an enger gudder Uebst Zalot vun der Kantin empfaange ginn. Mat frëscher Energie an e puer schéinen néien Erënnerungen war et dunn och schonn Zäit fir sech op de Wee an de Klassesall ze maachen.

Fotogalerie

 Retour aux articles