European Youth Parliament

Description


E Méinden, de 19. November 2018, waren d'Isabelle Resch vun der 3ème an d'Pauline Cano vun der 4ème zu Bréissel am Europäesche Parlament am Kader vum "European Youth Parliament". Et goung drëm 10 politesch Iddien déi déi Jonk concernéieren ze developpéieren an déi dann dem Parlament ze presentéieren.

Et waren 800 Jonker vu 16 bis 25 Joer a vun all Member Staat vun der Europäescher Unioun dobäi. Et goung drëm fir 10 politesche Iddi zesummen auszeschaffen an déi dann dem Parlament ze presentéieren, ze diskutéieren an dono och doriwwer ofzestëmmen.

Zesumme mat Jonken aus anere lëtzebuerger Schoulen, hunn d'Isabelle an d'Pauline do eist Land vertrueden.

 Retour aux articles