DSC 0119

Wantermaart 2018

Description


Wéi all Joer huet den LRSL och dëst Joer ee Wantermaart organiséiert. All Klassen vun 7e -2e sinn do implizéiert: si „kachen & brachen“ eppes Guddes fir z iessen oder si bastelen eppes fir de Verkaf. Duerch d ‘ganzt Gebai – d’Grillen ass natierlech am Haff, bei Heiz-Champignone gëtt et do awer kengem kal- ginn Stänn opgeriicht a schéin dekoréiert, well de flottste Stand kritt den 1. Präis: eng Klassefriess, gestëft vum Lycée.

D’Elteren waren wéi ëmmer och häerzlech invitéiert fir an d’Schoul luussen ze kommen, fir ze kucken, wat hir Sprösslingen alles fäerdeg bréngen – an si hunn déi Produktioun och tatkräfteg opkaaft, sou dass mir dëst Joer e Benefice vun 4700 € gemaach hunn. D’ Halschent dovun fléisst op den Fonds social vum LRSL – fir Schüler aus sozial schwaache Familljen z ënnerstëtzen, déi aner Halschent kënnt och dëst Joer der Organisatioun Wonschstäer (Motto: “It's the possibility of having a dream come true that makes life interesting.” Paulo Coelho) zegutt. De Wonschstär erméiglecht et Leit a Noutsituatiounen, deen een oder aneren Häerzens Wonsch ze erfëllen –sief et en néit Gebëss fir en SDF oder en Triathlon-Training mat Professionellen fir eng physesch handicapéiert Persoun. D’Präisiwwerreechung ass den 14ten Februar um 11.30 Auer am Festsall.

Fotogalerie

 Retour aux articles