Visitt vun der Cour de Justice de l’Union Européenne

Description


Freides, de 14. Dezember hunn d‘2eCD1 an d‘2eCD2G2 eng Visitt duerch d’Cour de Justice Européenne gemaach an der Begleedung vun der Madamm Lux, dem Här Sauber an dem Här Vitali. D’Schüler krute fir d’éischt Raimlechkeete vum Geriichtshaff gewise wou si ënner anerem den Oflaf vun engem Prozess erkläert kruten. Dono goufen si vum Här François Biltgen, fréiere Justizminister an elo Riichter um europäeschen Geriichtshaff, empfaangen, den hinnen de Sënn hannert der Cour an de Fonctionnement vun enger Affär erkläert huet.

 Retour aux articles