Equipe Walfer 2018

De Fënnef vir Zwou op de Walfer Bicherdeeg 2018

Description


Och dëst Joer war d’Schülerzeitung “Fënnef vir Zwou” op de 24. Walfer Bicherdeeg fir Samschdes a Sonndes dat offiziellt Infoblat vun de Bicherdeeg ze maachen. D’Schüler hunn Interviewe mat Auteuren, Aussteller, Politiker a Besicher gemaach, un de Veranstaltungen deelgeholl. Scho Samschdes Moies war den éischte Flyer fäerdeg a konnt verdeelt ginn. De Schüler vu 7eme bis 1ère an dem Här Wildanger huet et och dëst Joer erëm vill Spaass gemaach dëst Infoblat ze produzéieren, an d’Schüler krute schonn eng 5. Kéier en Abléck wéi Journalismus am Alldag funktionéiert.

 Walfer Bicherdeeg Infoblat 2018  (2.46 Mo)

 Retour aux articles