Terra Logo

Visite vun der Coopérative “Terra” um Eecher Feld den 11. Oktober 2018

Description


Visite vun der Coopérative “Terra” um Eecher Feld den 11. Oktober 2018

Optioun Economie autrement

TERRA - Transition and Education for a Resilient and Regenerative Agriculture


Datt et méiglech ass d’illimitéiert Besoinen vum Consommateur dem natierlechen Zyklus vun der Landwirtschaft ënner z’uerdnen, dovunner konnten sech d’1ères Schüler vun der Optioun “L’Economie autrement” wärend enger Visite vun der Coopérative "Terra" um Eecher Feld iwwerzeege loossen. "Terra" versteet sech als eng sougenannten Amap (Associations pour le maintien d'une agriculture paysanne) déi sech als Haaptzil gesat huet e Lien tëschent der Landwirtschaft an dem Consommateur hirzestellen an esou eng Alternative zu der gängeger industrieller Agrikultur ze bidden. D’Clienten, déi hir Memberschaft am Viraus bezuelen, kréie all Samschdeg e Panier mat der wochentlecher Recolte. Den Haaptënnerscheed zum Uebst a Geméis aus dem Supermarché ass deen, datt de Consommateur sech net eraus siche kann wei en Uebst a Geméis e gären hätt, mais e muss sech mat der saisonaler a regionaler Recolte zefridden ginn, a léiert d’Uebst a Geméis aus eisem Land esou erëm méi ze schätzen.

Ben Farschon - 1D1

Terra

 Retour aux articles